Wéi geet dat?

© Bohumil KOSTOHRYZ

Heifir braucht dir Kopfhörer

Huelt d’Kaart eraus, déi dir am Depliant oder an der Rubrik Parcours fannt.

D’Plazen, op deenen d’Orchideeë stinn, sinn nummeréiert.

Wann dir bis do sidd, gesitt dir en dräieckegt gréngt Schëld mam Titel : Den Orchideeën hir Klo, mat der Nummer vun der Plaz a mat engem QR Code fir ze scannen.
Wann d’Säit opgeet, kënnt dir är Sprooch erauswielen (FR, LU oder EN) an är Kopfhörer uschléissen.

Gesamtdauer vum Parcours: 1h40
Parcours Gronn: 50 min
Parcours Clausen: 35 min

D’Parcourse kënne separat gemaach ginn.
Dir fannt d’Kaart vum Parcours op de verschiddene Stänn vun der LUGA:

LUGA Science Hub
Péitrussdall
Entrée vum Park – Rue Saint Ulrich
All Dag vun 10:00 – 18:00

LUGA Culture Hub – Mikrokosmos
Parc Municipal Edouard André
Mëttwochs – Samsdes vun 11:30 – 22:00
Sonndes vun 10:00 – 22:00

LUGA Lab 
Vallée de l’Alzette – Pafendall
All Dag vun 11:00 – 18:00

Pop-Up Store
14 Grand-Rue (Ville-Haute)
Méindeg  & Sonndes : 12h00 – 18h00
Dënschden – Samsdes : 11h00 – 19h00

Mir wënschen iech e schéine Spadséiergang.