Den Orchideeën hir Klo ass e literaresch vertounte Spadséiergang matzen am Gronn,
Déi 14 Erzielunge vun Orchideeën op de Fënsterbrieder vun den Haiser loosse winzeg intim Gäert entstoen.
«An den Orchideeë gesi mir dee perfektsten an harmoneschsten Ausdrock vun der planzlecher Intelligenz. An dëse komesche Blumme voller Qualen erreecht der Planz hire Genie säin Héichpunkt a mat senger droleger Flam duerchbuert hien d’Trennwand tëscht de Kinnekräicher.» Maurice Maerterlinck, De Blummen hir Intelligenz, 1907.
Den Orchideeën hir Klo ass eng Rees duerch d’Intimitéit vun der Natur, vun der Stad an hiren Awunner. Op de Fënsterbrieder vun den Haiser erzielen Orchideeë 14 Geschichten ; wéi kleng intim Gäert, wéi Altär aus der Natur, op deenen d’Welt laanscht d’Uelzecht an d’Péitruss sech entafalt.
D’Orchideeë sinn d’Wiechter inne vun eisen Haiser, eis Zuschau erinnen. Si héieren a gesinn alles. Banne genee wéi baussen. Wéi mir sinn si lieweg. Mir invitéieren iech haut, hinnen nozelauschteren an si ze beobachten. Well dës Orchideeë schwät zen an hu Geschichten z’erzielen. Si si vun hei a vun anzwousch anescht. Si reagéieren op hir Ëmwelt, widderstandsfäeg mee alertéiert vun all den Ëmbréch, déi am gaange sinn d’Klima an d’Gesellschaft ze markéieren.
Dëse Projet wëll eise Bléck op dat riichten, wat mir normalerweis net gesinn; op den intime Raum vun der Stad a vun allem, wat lieweg ass. Am Kucken an am Lauschtere vun dësen Erzielungen entsteet eng Rees duerch d’Sënner, déi eis encouragéiert ze verstoen an ze erdreemen, dass all Form vu Liewewiesen eng Geschicht a sech dréit.
E Parcours, deen är Aart a Weis, duerch d’Stad ze trëppelen an d’Ëmwelt ze kucken op d’Kopp stellt. Op eemol ass alles voller Liewen.
« Enges Daags, wou ech duerch d’Strooss getrëppelt sinn, ass mäi Bléck zoufälleg op eng Orchidee op hirem Fënsterbriet gefall. Ech si weidergaangen an hunn nach eng gesinn. Virdrun hunn ech net dorop opgepasst, mee dee Moment ass mir bewosst ginn, wéi vill Orchideeën d’Fënstere vun der Stad dekoréieren. Ech hu mech virun eng gestallt, déi houfreg aus hirem Plastiksdëppche gekuckt huet an ech hu mir virgestallt, dass si géif mat mir schwätzen a mir hir Geschicht géif erzielen…» Sophie Langevin
13 Schrëftsteller*innen an ee Videast hu fir dëse Projet kuerz Geschichte geschriwwen, déi tëscht 3 a 6 Minutten daueren. Si kommen aus Lëtzebuerg, Frankräich, der Belsch an dem noen Osten, a si hunn sech an d’Haut vun enger Orchidee gestach, fir eis mat an hir Welten ze huelen.
